Zréck op d'Homepage

Maacht mat beim Kannerpräis bis den 31.01.2024!

D’Kriterien

Projet

  • Ee Projet muss ofgeschloss sinn an tëscht dem 1. Januar 2022 an dem 31. Januar 2024 gemaach sinn.
  • Ee Projet muss Kanner tëschent 0-4 Joer oder Kanner vu 4 – 12 Joer abezéien. Wann de Projet mat béiden Alterskategorie stattfonnt huet, ass et un Iech ze decidéieren a wéi enger Ekipp Dir matmaache wëllt. Den SNJ behält sech d’ Recht vir, e Projet vun enger Kategorie an eng aner ze deplacéieren.
  • Nëmme komplett Kandidature ginn a Betruecht geholl.
  • Ee Projet muss an enger vun den 3 offizielle Landessproochen agereecht ginn.
  • All Kandidatur déi nom Oflaf vum Delai ofgi gëtt, gëtt net a Betruecht gezunn.
  • Projeten déi en kommerziellen Zweck hunn, ginn net akzeptéiert.
  • Déi déi um Projet deelgeholl hunn, mussen hei zu Lëtzebuerg wunnen oder de Projet muss hei zu Lëtzebuerg stattfonnt hunn.
  • All Projet muss aus der non-formaler Bildung kommen.
  • Ee Projet muss entweder mat engem kuerze Video vun 1–2 Minutten oder unhand vun enger schrëftlecher Beschreiwung mat Fotoe presentéiert sinn.

Säi Projet presentéieren

DE VIDEO ODER DÉI SCHRËFTLECH BESCHREIWUNG MUSSE FOLGEND FROE BEÄNTWEREN

  • Firwat hutt Dir dëse Projet gemaach? Wat war Äert Zil?
  • Wéi vill Kanner hu matgemaach?
  • Wat ass den Alter vun de Kanner?
  • Wat wëllen d’Kanner mam Gewënn vu 500€ maachen?
  • All Kandidature musse vun enger schrëftlecher Beschreiwung mat Fotoen oder engem Video vun 1-2 Minutte begleet sinn.
  • D’ Kanner vun 0 bis 4 Joer solle siichtbar am Video sinn.
  • D’ Kanner vu 4 bis 12 Joer sollen de Projet selwer presentéieren.

OPGEPASST: Wann Dir Är Kandidatur ofgitt, confirméiert Dir domadder eng Autorisation parentale iwwer d’ Recht vum Bild oder Film vun de Kanner, déi gewise ginn, ze hunn. Den SNJ behält sech d’ Recht vir d’Biller oder Filmer fir en net kommerziellen Zweck ze benotzen (Websäiten, sozial Netzwierker).

Participatioun

Participatiounsformulaire

Fir är Kandidatur ze deposéieren, fëllt dëse Formulaire aus.

Struktur

Kontaktpersoun

Äre Projet

Wielt är Equipe

Wielt eng Kategorie

Beschreift Äre Projet

Beschreift de Projet (Foto oder Video)

Lued är Fichieren op.
Als éischt, wielt eng Optioun
Les images supérieurs à 1Mo ne seront pas chargées. Si vous rencontrez un problème veuillez nous envoyer les éléments par mail à kannerprais@snj.lu.

Wann dir gewannt, wat maacht dir mam Präis?

Är Kandidatur ass enregistréiert ginn, Merci.

Äre Projet gëtt esou bal wéi méiglech publizéiert.

Ups! Do ass eppes schif gelaf. Probéiert méi spéit nach emol.

Kontaktéiert eis

Hutt Dir nach Froen zu Ärer Kandidatur oder braucht Dir méi präzis Informatiounen zu Ärer Ekipp oder der Kategorie fir Äre Projet, dann zeckt net eis per Email ze kontaktéieren: kannerprais@snj.lu Mir freeën eis Iech ze äntweren.