Zréck op d'Homepage

Kannerpräis: Wat ass dat?

D’ Zil vum Kannerpräis ass d’ Wäertschätzung vu Projete mat Kanner aus de Bildungs- a Betreiungsstrukturen.

D’ Projete mussen aus der non-formaler Bildung kommen an d’ Kanner mussen aktiv mat agebonne sinn. Et gi véier Kategorien an deenen et jeeweils zwee Gewënner ginn, eemol fir Projete fir Kanner vun 0-4 Joer (Mini-Helden) an eemol fir Kanner vu 4-12 Joer (Helden).

KANNERPRÄIS

2 Ekippen

Maacht Dir zesumme mat Kanner e flotte Projet a schafft an enger Crèche, enger Maison Relais oder als Dageselteren? Da maacht mat beim Kannerpräis! Dir hutt d’ Auswiel tëschent zwou Ekippen :

- D‘ Mini-Helden, wann äre Projet mat Kanner am Alter vun 0 bis 4 Joer gemaach gouf.

- D‘ Helden, wann äre Projet mat Kanner am Alter vun 0 bis 4 Joer gemaach gouf.

Mini-Helden

Eis Mini-Helden si Kanner am Alter vun 0 bis 4 Joer

All d’Projete kucken

Helden

Eis Helden si Kanner am Alter vu 4 bis 12 Joer

All d’Projete kucken

KANNERPRÄIS

4 Kategorien

Et gi scho vill verschidde Projeten an der non-formaler Bildung. Déi Vilfalt spigelt sech an eise 4 Kategorien erëm. Hei kënnt Dir Iech méi genau ukucke wéi eng am beschten zu ärem Projet passt. Falls Dir onsécher bei der Auswiel sidd, da wielt déi Kategorie déi am noosten un Ärem pedagogeschen Zil vum Projet ass.

  • MÄIN ASAZ

    Dës Kategorie ass fir all Projete bei deene Kanner sech fir d‘ Allgemengheet asetzen: Natur, Ëmwelt, Gesellschaft ... Wann Dir e Projet hutt an deem Dir Iech an engem vun dësen Themen engagéiert, dann ass dat heiten Är Kategorie.

  • MENG MEENUNG

    Dës Kategorie ass fir all Projeten an deene Kanner erausfanne wat demokratesch Wäerter a Participatioun sinn. Beschäftegt Dir Iech villäicht mat Kannerrechter oder Politik? Da gehéiert Äre Projet an dës Kategorie.

  • MENG IDENTITÉIT

    Hei handelt et sech ëm d' Vilfalt vun eiser Gesellschaft, déi an eiser Kultur, an eise Sproochen an och an eiser Identitéit present ass. Äre Projet gesäit d' Vilfalt als eng Stäerkt bei där ee vun deem anere léiere kann? Dann ass dëst Är Kategorie.

  • MENG GESONDHEET

    Dës Kategorie ass fir all Projeten déi Gesondheet, Ernärung oder Beweegung thematiséieren. Dir sidd amgaangen ze entdecke wéi ee gesond lieft an ësst, oder wéi eng sportlech Aktivitéiten nëtzlech sinn? Dann ass dës Kategorie fir Äre Projet.

KANNERPRÄIS

D’ Jury

  • AUSWIEL VU PASSENDE PROJETEN – SERVICE NATIONAL DE LA JEUNESSE

    Den SNJ préift op all Projet déi gefrote Critèren erfëllt.

  • NOMINATIOUN VUN DE FINALE PROJETEN – EXPERTEN-JURY

    All berechtegte Projet geet un d’ Experten-Jury. Dës sinn Experten am Beräich vun der non-formaler Bildung. Dëse Jury mëscht eng éischt Selektioun an nominéiert pro Kategorie 3 Projete fir eis Mini-Helden an 3 Projete fir eis Helden. Soumat ginn et 6 Finalisten am ganzen an enger Kategorie. Déi final Projete gi vun enger professioneller Agence gefilmt, wat dozou bäidréit dass Kanner et méi liicht hunn eng Entscheedung ze treffe well all Video op déi selwecht Aart a Weis gedréint ass. Esou kënnen d’ Kanner sech besser op den Inhalt vum Projet konzentréieren.

  • FINAL AUSWIEL – KANNER-JURY

    D’ Kanner aus dem Cycle scolaire 3 a 4 (8-12 Joer) bestëmme wie gewënnt. Dobäi ginn se pedagogesch ënnerstëtzt. De Prozess bei deem d’ Kanner eng Entscheedung treffen, leeft ënnert dem Slogan “Deng Meenung zielt” a wäert spilleresch an interaktiv stattfannen. D’ Kanner wielen demokratesch hire Gewënner an d’ Plazen 2 an 3. Der Kanner-Jury hier Entscheedung gëtt vun engem professionelle Kamera-Team gefilmt an op der offizieller Präisiwwerreechung gewisen.

  • PRIX PUBLIC - RTL

    All d’ Projeten déi et net ënnert déi 24 Nominéiert gepackt hunn, kréien nach eng Chance fir iwwert e public voting e Präis ze gewannen. Dëse ëffentleche Voting wäert iwwert de Site vum RTL lafen an si stëften och béid Präisser. Et wäert 1 Präis an der Ekipp "Héros" an 1 Präis an der Ekipp "Mini-Héros" ginn. Weider Informatioune kommen no.

De Präis

D' Gewënner kréien all ee Pokal an ee Scheck vu 500€. D’ Kanner déi beim Projet matgemaach hunn, si gebieden hier Propositiounen ze nenne wat si mam Gewënn vu 500€ maachen. De Prix Public vun RTL gëtt och deen Dag verginn. D’ Präisiwwerreechung gëtt de 4. Mee 2024 an der Abtei Neimënster am Kader vum Kannerfestival organiséiert.

Kontaktéiert eis

Hutt Dir nach Froen zu Ärer Kandidatur oder braucht Dir méi präzis Informatiounen zu Ärer Ekipp oder der Kategorie fir Äre Projet, dann zeckt net eis per Email ze kontaktéieren: kannerprais@snj.lu Mir freeën eis Iech ze äntweren.